Kodeieren.lu
Le codage et la pensée informatique jouent aujourd’hui un rôle de plus en plus important dans notre société. Dans le but de favoriser ces compétences auprès des élèves et étudiant-e-s, le SCRIPT présente la plateforme kodéieren.lu qui offre l’opportunité de mettre en réseau des écoles et des expert-e-s dans le domaine du codage et de la pensée informatique. En collaboration avec des expert-e-s, les enseignant-e-s peuvent élargir ou approfondir leur savoir-faire en matière de codage à travers des activités ou des projets.
La plateforme kodéieren.lu est un outil permettant aux enseignant-e-s de mettre en œuvre la stratégie « Einfach kodéieren ». La plateforme vise à inspirer et à aider les enseignant-e-s à expérimenter la pensée informatique et le codage afin de partager, avec le soutien de l’expert-e, ces expériences de manière ludique avec les enfants.
Procédure pour les enseignant-e-s :
Les enseignant-e-s intéressé-e-s de l’enseignement fondamental et secondaire définissent leur activité ou leur projet. Par rapport à une activité, un projet prend plus de temps pour la réalisation (un total de maximum 50 heures pour un projet), il peut impliquer plus de classes et il peut également être accompagné par plus d’expert-e-s. Ensuite, les enseignant-e-s recherchent sur kodeieren.lu leur expert-e souhaité-e et le/la contactent. S’il s’agit d’un match, ils rempliront la fiche sur la plateforme. La fiche décrit les résultats, les méthodes et les compétences à atteindre avec l’activité / le projet ainsi que :
• le matériel à tester et à utiliser ;
• le but de l’intervention par l’expert-e ;
• la forme du support par l’externe pour l’enseignant-e ;
• la collaboration éducative entre l’expert-e et l’enseignant- e.
Tou-t-e-s les enseignant-e-s du fondamental et du secondaire qui réalisent une activité ou un projet avec un-e expert-e s’engagent à :
• être présent en classe ou avec le groupe d’apprentissage à tout moment de l’activité ou du projet ;
• travailler avec l’expert-e sur le projet et à mettre en place le cadre pédagogique ;
• établir une courte documentation du projet, qui est publiée sur kodéieren.lu, ceci pour inspirer les autres enseignant-e-s et leur fournir de nouvelles idées.
Après avoir rempli la fiche, l’enseignant-e recevra dans les meilleurs délais une réponse sur les implications financières. À partir de ce moment, l’enseignant-e commence avec l’expert-e la réalisation de l’activité ou du projet.
Procédure pour les expert-e-s :
Les experts et les expertes, ainsi que des organisations (sans but lucratif et avec but lucratif) du domaine de la pensée informationnelle et du codage, qui souhaitent proposer des activités ou des projets en éducation, remplissent ce formulaire. Afin d’être répertoriés sur kodeieren.lu, les expert-e-s et les organisations conviennent d’intervenir sur une base tarifaire commune et uniforme, ceci pour des raisons de transparence et d’égalité. Cet engagement est entériné avec l’inscription. Par la suite, les expert-e-s font partie d’un ensemble d’expert-e-s mis à la disposition des enseignants via kodéieren.lu. À la suite du projet et dès la réception d’une brève évaluation, l’indemnisation convenue sera transférée à l’expert-e ou à l’organisation sur présentation d’une facture à adresser au SCRIPT.
Kodeieren.lu
Kodéieren an informatescht Denken spillen an der Gesellschaft vun haut eng ëmmer méi grouss Roll. Mam Zil, dës Kompetenzen bei de Schülerinnen a Schüler ze fërderen, bitt de SCRIPT mat der Plattform kodeieren.lu d’Méiglechkeet, Schoulen an ExpertInnen aus dem Beräich Kodéieren an informatescht Denken mateneen ze vernetzen. A Kooperatioun mat de Fachleit kann d’Léierpersonal duerch Aktivitéiten oder Projeten säin Knowhow am Kodéieren erweideren oder verdéiwen.
D’Plattform kodeieren.lu ass een Outil fir d’Léierpersonal an der Ëmsetzung vun der Strategie "Einfach kodéieren”. Dësen inspiréiert an ënnerstëtzt Léierpersounen dobäi, Neies am Beräich informatescht Denken a Kodéieren auszeprobéieren, fir zesummen mat den ExpertInnen dës Erfarunge mat de Kanner op eng spilleresch Aart a Weis ze deelen.
Oflaf fir d’Léierpersonal:
Interesséiert Léierpersounen aus dem Fondamental oder aus dem Secondaire definéieren hir Aktivitéit oder hire Projet. Ee Projet dauert par Rapport zu enger Aktivitéit méi laang, ka méi Klassen betreffen an och vu méi ExpertInne betreit ginn (am Ganze 50 Stonne fir e Projet). Da sichen si sech op kodeieren.lu déi Fachpersoun, déi si brauchen, a kontaktéieren hien oder si. Wann et zu engem Match kënnt, fëllen si zesummen dës Fiche op kodeieren.lu aus. D’Fiche beschreift d'Resultater, d'Methoden an d'Kompetenzen, déi mat der Aktivitéit/mam Projet erreecht wëlle ginn. Awer och:
-
d'Material, dat ausprobéiert an agesat soll ginn;
-
firwat eng Interventioun vun ExpertInne gebraucht gëtt;
-
a wéi enger Form den externe Support der Léierpersoun am beschten
hëllefe kann;
-
a wéi hir pedagogesch Zesummenaarbecht ausgesäit.
Alleguer d’Léierpersounen aus dem Fondamental wéi och dem Secondaire, déi eng Aktivitéit oder ee Projet mat enger Fachpersoun erareechen, verflichten sech:
-
fir während der Aktivitéit oder dem Projet zu all Moment an der Klass oder beim Léiergrupp mat dobäi ze sinn;
-
fir zesumme mam Expert/mat der Expertin um Projet ze schaffen an dofir de pedagogesche Kader ze setzen;
-
fir nom Projet eng kuerz Dokumentatioun eranzeginn, déi op kodeieren.lu verëffentlecht gëtt, dëst fir anere Léierpersounen nei Iddien an Ureegungen ze ginn.
Nom Ausfëlle vun der Fiche kritt d’Léierpersoun zäitno eng Äntwert iwwer déi finanziell Bedeelegung. Vun dësem Moment u kuckt d’Léierpersoun, zesumme mat der Fachpersoun, d’Aktivitéit oder de Projet ze realiséieren.
Oflaf fir d’Fachleit:
ExpertInnen an och Organisatiounen (sans but lucratif a mat but lucratif) aus dem Beräich informatescht Denken a Kodeieren, déi Aktivitéiten oder Projeten am schouleschen Unterrecht ubidde wëllen, fëllen dësen Formulaire aus. Fir op kodeieren.lu opgelëscht ze ginn, verflichten sech d’ExpertInnen an d'Organisatiounen aus Grënn vun der Transparenz a Gläichberechtegung, zu engem gemeinsamen, eenheetlechen Tarif ze intervenéieren. Dëst Engagement gëtt mat der Umeldung festgehalen. Domat gehéieren se zu engem Pool vun ExpertInnen, deen de Léierpersounen iwwert kodeieren.lu zur Verfügung steet. Nom Projet an dem Erareeche vun engem kuerze Feedback gëtt déi accordéiert finanziell Bedeelegung, no Virleeë vun enger Rechnung, un d'Fachpersoun oder d’Organisatioun iwwerwisen.
Nos expert-e-s se présentent
Devenir expert-e en codage sur la plateforme kodéieren.lu présuppose d’être à même de motiver et de fasciner les étudiant-e-s indépendamment de leur sexe, de leur âge ou de leur origine sociale pour la pensée informatique et pour le codage. Être expert-e sur kodéieren.lu donne l'opportunité de transmettre ses compétences aux étudiant-e-s et d'acquérir des expériences dans un environnement éducatif.
Si vous souhaitez devenir expert-e en codage pour les écoles, que ce soit en tant qu'individu, en tant qu'indépendant ou en tant qu'organisation, vous pouvez vous inscrire via ce formulaire.
Eis ExpertInne stelle sech vir
KodéierexpertIn ze sinn bedeit, SchülerInnen onofhängeg vun hirem Geschlecht, hirem Alter oder hirer sozialer Hierkonft fir informatescht Denken a Kodéieren ze begeeschteren. KodéierexpertInnen op kodéieren.lu hunn d’Geleeënheet, hir Fäegkeeten an deem Beräich un d’Léierpersounen an d’SchülerInne weider ze ginn, an Erfarungen am pedagogeschen Ëmfeld ze sammelen.
Wann Dir Interessi hutt, KodéierexpertIn fir Schoulen ze ginn, ob als Privatpersoun, als FräiberufflerIn oder als Organisatioun, da kënnt Dir Iech iwwert dësen Formulaire umellen.
Activités et projets réalisés
Cette page fournit un aperçu de tous les projets et activités qui ont déjà été réalisés en coopération avec les expert-e-s en codage dans les écoles.
Aktivitéiten an ëmgesate Projeten
Dës Säit gëtt een Iwwerbléck iwwer Aktivitéiten a Projeten, déi schonn a Kooperatioun mat ExpertInnen am Kodéieren an de Schoulen duerchgefouert gi sinn.