Make it asbl
MakerBuzz

Make it asbl

Jidderee kann ee Maker sinn! Maker kniwwelen u kreative Projetën, entwéckle mat Begeeschterung nei Léisungen a sinn oppe fir all Dag eppes Neits ze léieren. 

D’Make is asbl as eng dynamesch a begeeschtert Communautéit vu “Maker” aus de verschiddenste Beräicher. Eis Ziel as et méiglechst vill Maker dobäi ze hëllefen hier Vocatioun ze fannen an ze verwierklechen. An eisem Comité sammle sech iwwer 60 Joer Erfahrung an der Wëssensvermëttlung - a verbleiwen nawell oppe fir nei Erfahrungen. 

2019 hu mir de MakerBuzz lancéiert, den éischte mobile Makerspace zu Lëtzebuerg. De MakerBuzz as ee mobile Kreativ-Raum, dee voll gepaackt as mat Handwierksgeschier, mat elektroneschen an informateschen Apparaturen. Laser-Engraver an 3D-Printer gehéiren selbstverständlech och derzou. Eng positiv Astellung zum Entdecken a Fuerschen as een zentrale Bestanddeel vun eise Workshops. 

Thematesch dréinen sech eis Workshops ronderem d’Promotioun vun de STEAM-Fächer (Science, Technology, Engineering, Arts, Mathematics). Fir eis as Kreativitéit ee wichtege Aspekt bei der Vermëttlung vu Wëssenschaft an Technik. Eis Workshops ronderem d’Kodéiere loossen sech awer genee esou gutt an aner Coursën (z.B.: Sproochen, Sport,...) integréiren, an natierlech och am Kader vun der non-formaler Edukatioun.  

Eisen Undriww as et fir mat eisen Aktivitéiten dozou bäizedroën, ee frësche Wand an dem Léier-Alldag ze schafen. Eis Aktivitéite loossen sech ganz liicht an äere pädagogësche “roude Fuedem” abauen. Mir freeën eis, wa mir am Virfeld d’Interventioun souwuel kreativ wéi präzis ofstëmme kënnen. 

Je remplis les conditions suivantes :

  • Disposer d’expériences professionnelles dans le domaine de la programmation
  • Avoir des expériences pédagogiques
  • Être flexible et pouvoir s’adapter aux horaires scolaires.

Langues parlées pour l’activité/le projet :

  • Luxembourgeois
  • Allemand
  • Anglais

Domaines dans lesquels j'envisage d'entamer une activité/un projet avec une classe :

  • Software (zBsp. Scratch, Python, ...)
  • Matériel informatique/Robotique (p ex Ozobot, Beebot, Sphero, Lego Mindstorms, …)2: Kniwwelino
  • Unplugged (Codage débranché)
  • Arts (Codage dans le domaine de la peinture, de la musique, …)
  • Gaming (Codage dans le domaine des jeux)

Cycles dans lesquels j'interviens :

  • Cycle 2 (élèves de 6 à 8 ans)
  • Cycle 3 (élèves de 8 à 10 ans)
  • Cycle 4 (élèves de 10 à 12 ans)
  • Cycle inférieur de l’enseignement secondaire (élèves de 12 à 15 ans)
  • Cycle moyen de l’enseignement secondaire (élèves de 16 à 17 ans)
  • Cycle supérieur de l’enseignement secondaire (élèves de 18 à 19 ans)

Votre statut :

  • Organisation